FAQ

Schoulen:

A wéiengem Fach kann ech d'You(th)Start Challenge asetzen?

You(th)Start versteet d’Léieren als ganzheetleche Prozes: Challenge kënne fächeriwwergräifend an awer och an eenzelne Fächer agesat ginn.

An de Sproochen:  All d’Challengë sinn op Däitsch, Franséisch an Englesch zougänglech. Duerch Challengën wéi de Storytelling Challenge oder de My Community Challenge kënnen déi sproochlech Kompetenze gefërdert ginn.

 An de « Sciences Economiques »: 

De Lemonade Stand Challenge kann zum Beispill an d’Gestiounscoursen integréiert ginn. Aner Challenge wéi den  Entrepreneurial Design-B1, de Real Market Challenge-Core Business Plan-B2, oder  de Storytelling Challenge-Elevator Pitch-B1 kënnen am Kontext vun de Mini-Enterprisen oder an Optiounen agesat ginn.

Am Sport: Kuckt Iech den Extreme Challenge un!

An der Konscht: Den Trash Value Challenge kéint Iech interesséieren.

An der Geographie: Loosst Är SchülerInnen eng Rees plange mam My Personal Challenge.

 

Dir sidd Deel vum Service educatif?

 Fir d’Schoulcommunautéit ze stäerken eegenen sech den:

 

- My Community Challenge -Lebensqualität stärken-B1

- Open Door Challengen-Vernetzung mit Eltern und Schulumfeld-B2.

- Buddy Challenge-Buddy Coaching-B2

 

 

Fir d’Perséinlechkeetsentwécklung passen Challengen ewéi:

 

-Be a yes Challenge-Wege zum Aufblühen- A2

-Be a Yes Challenge- Meine Charakterstärken-B2

-Empathy Challenge-Empathie Karte- B1

 

Ass d’EduStarrt-Up eng Aktivitéit, déi fir de Label néideg ass?

Jo, d’EduStart-Up ass: - Optional fir de Label N1 an N2 - Obligatoresch fir de Label N3

 

Fir d’EduStart-Up ugerechent ze kréie musse follgend Etappe respektéiert sinn :

  • Offiziell Umeldung & Konventioun
    • Fir dass d’EduStart-Up als offiziell Schoulprojet gëllt, muss si formell ugemellt ginn an d’Konventioun muss vun den zoustännegen Acteuren ënnerschriwwe sinn.
  • Buchhaltung
    • D’Buchhaltung vun der EduStart-Up muss spéitstens de 15. Juli vum entspriechende Schouljoer beim SCRIPT agereecht ginn, fir d’Critèren ze erfëllen.
    • (D’Buchhaltung muss net als Deel vun enger To-Do-Lëscht bäigefüügt ginn.)
  • Start-Phase am éischte Joer
    • Et ass erlaabt, dass d’EduStart-Up sech am éischte Joer nach an der Start-Phase befënnt. Dëst gëtt als Deel vum Entwécklungsprozess ugesinn.

Aus wéi vill Schüler besteet eng EduStart-Up a wien ass nach Deel vun der Schülerfirma?

Eng EduStart-Up gëtt vu 4-8 Schüler (vu 4e u respektiv engem BTS) gegrënnt.

No der Grënnung vun der EduStart-Up gëtt et keng Limitt bei der Unzuel oder dem Joergang vun de Schüler.

All EduStart-Up gëtt vun engem (oder méi) Proffen ënnerstëtzt.

Gëtt et eng Décharge fir den Enseignant encadrant ?

Jo, et gëtt eng Décharge vun 1,5 L = 3h administrativ Aarbecht.

Jo, et gëtt eng Décharge vun 1,5 L = 3h administrativ Aarbecht.

Kënnen d’Schüler sech e Salaire ausbezuelen?

Nee

​​​​​​​Eng Schülerfirma kann de Schüler, déi matmaachen, keng Salairen ausbezuelen. Dir kënnt awer no Méiglechkeete sichen, fir d’Beneficer ze notzen, fir eng Form vu Belounung ze fannen.

Kritt eng Sustainable Entrepreneurial School eng Decharge fir de Coordinateur?

Jo:

 Dës Decharge variéiert a Fonctioun vum Label, deen d’Schoul erreecht. All Schoul start am N1. Duerno gëtt d‘Decharge ugepasst, wann d’Schoul méi en héije Label erreecht huet:

  • N1: Start-Up  (0,75 l  = 1,5h administrativ Aarbecht)
  • N2: Entrepreneurial Progression (1,25 l = 2,5h administrativ Aarbecht)
  • N3: Entrepreneurial Culture (1,5 l = 3h administrativ Aarbecht)

Muss een eng Sustainable Entrepreneurial School sinn fir un Aktivitéiten deelzehuelen?  

Nee, déi Aktivitéiten déi um Site sinn, sinn keng Exklusivpartner. Si kennen deemno an all Lycée, all Schüler hëllefen flott Aktivitéiten ze fannen an un dësen deelzehuelen.

   

Wat ass d’Startkapital vun enger EduStart-Up a wou kënnt et hier?

Et gëtt kee virgeschriwwenen minimum Start-kapital vun enger EduStart-Up.

 

Am Ufank huet Är Schülerfirma nëmmen dat Kapital, dat individuell definéiert gouf, zum Beispill dat festgeluecht Gesellschaftskapital. Am Fall vun enger Sàrl-S sinn dat d’Geldbäiträg vun den Associéë. Bei enger Schülerfirma sinn dës Montanten normalerweis ganz niddreg, zum Beispill sechs Associéen zu jee 5 € = 30 € Gesellschaftskapital. D’Associéen sinn d’Schüler, d’Direktioun an d’Enseignanten.

Et gi verschidden Optioune fir d’finanziell Mëttel ze erhéijen:

  • Investitioun vum Lycée: Wann Dir Investitiounen am Beräich vum Mobilier oder Immobilier braucht, schwätzt mat Ärer Direktioun, ob de Lycée en Deel vun de Käschten iwwerhuele kann.
  • Sponsoring: Sinn Är Elteren, Betriber oder aner Membere vun der Gemeinschaft (schoulesch oder net) interesséiert, Äre Projet ze ënnerstëtzen? Si kënnen Iech ënnerstëtzen duerch Sponsoring – entweder finanziell oder materiell.

An deenen zwou Fäll ännert Äert Gesellschaftskapital (z. B. d’Parten an der Entreprise) net, mee Är finanziell Mëttel ginn erhéicht.

E finanzielle Prêt ass net erlaabt.

Wat ass eng EduStart-Up?

Eng EduStart-Up ass eng Schülerfirma fir d‘Schoulcommunautéit, déi am Aklang mam Profil vum Lycée an de Wäerter vun der nohalteger Entwécklung gegrënnt gëtt.

Eng EduStart-Up soll de Profil vum Lycée mëttel- bis laangfristeg beaflossen.

Eng EduStart-Up däerf maximum 35.000 Euro ouni Taxen Ëmsaz hu an minimum 2/3 vum Ëmsaz mussen an der Schoulcommunautéit generéiert ginn

Wat geschitt mam Benefice vun der EduStart-Up?

Dir kënnt de Benefice reinvestéieren, Iech belounen, an d'Infrastruktur vun der Schoul investéieren oder eng Spend maachen

 

Reinvestéiert d’Geld an är Entreprise : („Reinvestitioun“) – z. B. fir nei Equipementer oder Material ze kafen, déi är Aktivitéite verbesseren.

Belount äert gemeinsame Wierk: Mat enger gemeinsamer Aktivitéit wéi z. B. enger Schoulrees oder enger Excursioun – fir d’Teamgefill ze stäerken.

Investéiert an d’Infrastruktur vun der Schoul: Hëlleft mat, d’Léierëmfeld fir iech an är Matkolleegen ze verbesseren.

Maacht eng Spend: Gitt de Benefice oder en Deel dovun u karitativ Organisatiounen oder Projete mat engem sozialen Zweck – a weist ären Engagement fir d’Allgemengheet.

Wat muss ee maache fir eng Sustainable Entrepreneurial School ze ginn?

Wann Dir als Schoul um Projet wëllt participéieren, da kënnt Dir folgend Preparatiounen treffen:
  • D’Schouldirektioun designéiert en interne Coordinateur/trice, deen/déi sech an der Schoul ëm d’Ëmsetzung vum Projet këmmert,
  • D’Schouldirektioun mellt de Lycée iwwert de Forms un.

Dir kënnt als Lycée am Kader vun dësem Projet dräi verschidde Labelen erreechen:

  • N1: Start-Up
  • N2: Entrepreneurial Progression
  • N3: Entrepreneurial Culture

Dokumenter dozou fannt dir beim A Propos.

Fir weider Renseignementer iwwert de Projet kann d’Schoul sech op entrepreneurship@script.lu mellen oder de Kontaktformulaire ausfëllen.

Wat sinn déi éischt Demarchë fir eng EduStart-Up ze grënnen?

Et ginn 4 Etappen: Autorisatioun vun der Direktioun an dem Conseil d’Éducation, Informatioun un den SCRIPT, Appell un d’Schüler, Formatioun vum Grënnergrupp

Autorisatioun vun der Direktioun an dem Conseil d’Éducation
Als éischt mussen d’Schüler, respektiv de Coordinateur, d’Zoustëmmung vun hirer Direktioun an dem Conseil d’Éducation kréien, fir iwwerhaapt un der Initiativ deelzehuelen ze kënnen.

Informatioun un den SCRIPT
Nodeems d’Direktioun oder de Coordinateur d’Autorisatioun ginn huet, muss de SCRIPT offiziell iwwer d’Participatioun informéiert ginn. Dëst garantéiert eng transparent Kommunikatioun mat den zoustännegen Instanzen.

Appell un d’Schüler
Soubal d’Zoustëmmung an d’Informatioun ofgeschloss sinn, gëtt en offiziellen Appell un d’Schüler gemaach, fir ze kucken, ween interesséiert ass, bei der EduStart-Up matzemaachen.

Formatioun vum Grënnergrupp
Wann sech genuch interesséiert Schüler gemellt hunn, kann de Grënnergrupp zesummegestallt ginn. Dëse Grupp fänkt dann un, konkret un der Iddi ze schaffen an d’Projet ze entwéckelen.

Wéi eng allgemeng Conditioune musse respektéiert ginn?

Déi allgemeng Conditioune ginn an enger Konventioun zwëschent dem SCRIPT, dem Wirtschaftsministère an dem Lycée festgeluecht.

​​​​​​D’Obligatioune vum Lycée sinn :

  • „Appel à Candidatures“
    • De Lycée verpflicht sech, en offiziellen Appell un all Schüler ze maachen – ab der 4e respektiv am BTS – fir un enger EduStart-Up deelzehuelen. Dësen Appell gëllt fir all Klassen a gëtt no de gewinnten Usus vum Lycée organiséiert, inklusiv Informatiounssëtzungen. D’Schüler, déi sech mellen, bilden automatesch eng Equipe.
  • Enseignant Encadrant/Coordinateur
    • De Lycée garantéiert, datt op mannst een Enseignant d’Roll vum enseignant encadrant iwwerhëlt. Dësen huet d’Aufgab, de Prozess vun der Gruppenzesummestellung ze begleeden an ze ënnerstëtzen.
  • Produkter vun der EduStart-Up
    • Et muss garantéiert ginn, datt kee Produkt vun der EduStart-Up Alkohol, Tubak oder Cannabis enthält oder domat a Verbindung steet.
  • Participatioun un de Komiteeën
    • De Lycée ass Member vum Decisiouns- a Suiviskomitee, an hëlt aktiv un de relevante Prozesser deel.
  • Juristesch Verantwortung
    • De Lycée iwwerhëlt déi ganz juristesch Verantwortung fir d’Handlunge vun der EduStart-Up. Hien delegéiert d’Mandat un déi verantwortlech Persounen, fir am Kader vun de gesetzleche Bestëmmungen ze handelen.

D’Obligatioune vun der EduStart-Up sinn :

Well d’EduStart-Up ënner der Verantwortung vun der Lycéesdirektioun steet, muss dës sécherstellen, datt follgend Konditioune respektéiert ginn:

  • Minimum Unzuel u Schüler
    • Op mannst 4 Schüler mussen aktiv an der EduStart-Up involvéiert sinn.
  • Rollendefinitioun
    • D’Aufgabe vun all Schüler ginn zesumme mat der Direktioun an den Enseignanten encadrants definéiert.
  • Wäerter vum Projet
    • De Projet muss nohalteg sinn an dem Profil vum Lycée entspriechen.
  • Geneemegung vum Projet
    • D’Equipe muss hire Projet dem Decisiounskomitee virleeën. Bei positiver Evaluatioun kritt d’EduStart-Up de Status vun enger periscolärer Aktivitéit, déi vum Lycée unerkannt gëtt.
  • Zilpublikum
    • D’Haaptzilgrupp ass d’Schoulgemeinschaft. Zwee Drëttel vum Ëmsaz musse bannent dëser Gemeinschaft generéiert ginn.
  • Originalitéit
    • D’EduStart-Up däerf weder den Numm nach d’Iddi vun enger anerer EduStart-Up kopéieren.
  • HACCP-Formatioun
    • Schüler, déi mat Liewensmëttel schaffen, mussen eng HACCP-Formatioun maachen.
  • Sécherheetsprüfung
    • D’Entreprise muss hir Iddi dem SCRIPT an dem Wirtschaftsministère presentéieren, fir d’Sécherheetsmesuren ze evaluéieren.
  • Transparenz vis-à-vis vu Partneren
    • D’EduStart-Up muss kloer kommunizéieren, datt si e Schoulprojet ass, souwuel bei externe Partnere wéi och an all Kontrakter.
  • Notzung vum Benefice
    • De Benefice kann:
      • fir schoulesch Aktivitéiten oder Material benotzt ginn,
      • an d’EduStart-Up reinvestéiert ginn,
      • oder ganz oder deelweis u karitativ Organisatioune gespent ginn.
  • Notzung vu Gefierer
    • D’Benotzung vu Gefierer am Kader vun der EduStart-Up muss virdru vun der Direktioun approuvéiert ginn.
  • Finanzielle Rapport
    • Zum Schluss vum Joer muss d’EduStart-Up e Bilan an e Gewënn- a Verloschtskonto erstellen an dës dem SCRIPT an dem Wirtschaftsministère iwwermëttelen.

Wéi eng kommerziell Iddie sinn net erlaabt am Kader vun der EduStart-Up?

All kommerziell Iddi ass am Prinzip erlaabt ausser Alkohol, Tubak oder Cannabis oder Produiten déi domat a Verbindung stinn

Dës gëtt och an der Konventioun festgehalen.

Wéi gëtt decidéiert, wéiee Label  eng Schoul kritt?

Op Basis vun enger virtueller To Do-Lëscht reechen d’Coordinateure vun den Sustainable Entrepreneurial Schools hire Rapport eran.

Dëse gëtt ofgeglach mat de Krittären aus deenen eenzelen Niveauen a sou festgeluecht wéieen Niveau (Label)  d’Schoul erreecht huet:

Kritären N1

Kritären N2

Kritären N3

Wien ass responsabel fir d’Gelénge vun den Aktivitéiten?

Joddereen deen um Projet matschafft ass responsabel fir d’Gelénge.

D’Associéen sinn d’Schüler, d’Direktioun an d’Enseignanten.

Wien kann ech kontaktéiere wann ech eng EduStart-Up grënne wëll oder Froen hunn?

Kontaktéiert den SCRIPT ënnert entrepreneurship@script.lu oder d’JEL ënnert info@jel.lu

Sie ginn Iech all d'Detailer zur Kreatioun vun enger EduStart-Up.

Wou fannen ech geziilt Aktivitéiten, déi bei mech oder meng SchülerInne passen?

Notzt den Onglet „Aktivitéiten“ an notzt d’Sichfunktioun fir déi passend Aktivitéit ze fannen.

 

 

 

Partner:

Muss ech fir all nei Aktivitéit e Formulaire ausfëllen?

Jo.Fir all Aktivitéit muss en neie Forms ausgefëllt ginn.

  Link zum Forms

Muss ech fir all Aktivitéit eng Declaration d’honorabilité ausfëllen?

Nee.Eng Deklaratioun pro Organisatioun geet duer.

Link zur Deklaratioun.

Wat maachen ech, wann eng vu mengen Aktivitéite geännert huet an um Site geupdatet muss ginn?

Sollt eng Aktivitéit geännert hunn, da fëllt w.e.g, de Forms nei aus an informéiert eis kuerz iwwert  Är Ännerung op entrepreneurship@script.lu.

  

Wéi kann ech als Partner meng Aktivitéiten op dëse Site setzen?

Dir sitt eng  Entreprise, eng Organisatioun,  eng professionell Beruffschamber,  en Acteur aus der Zivilgesellschaft, a bitt Aktivitéiten am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship un a wëllt méi enk mat der Schoulwelt interagéieren? Da kënnt dir Är Aktivitéit op dësem Site hannerleeën:

Fëllt dofir dësen Online-Formulaire an dës Deklaratioun  aus, stëmmt dëser zou a schéckt se un entrepreneurship@script.lu.

 

Sollt dir generell Froen zum Projet hunn oder Hëllef beim Ausschaffe vun engem Projet brauchen, da kënnt Dir dës och un entrepreneurship@script.lu schécken oder de Kontaktformulaire ënner „Kontakt“ ausfëllen.