Wat ass dëse Projet?
De Projet vun den Sustainable Entrepreneurial Schools ass eng Initiativ vun dem Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Économie. Dës Plattform bréngt Lycéeën, déi sech am Sustainable Entrepreneurial Competence-Programm engagéieren mat externe Partner aus der Wirtschaft zesummen. Se dokumentéiert de Schoulen hir Projeten a Fortschrett am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship a bitt de Projets-Partner Plaz fir mat hiren Aktivitéite wéi Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten an Challengen, déi Sustainable Entrepreneurial Competence bei Schülerinnen aus dem Enseignement Secondaire ze fërderen.
Wat ass d'sustainable entrepreneurial competence?
D’Sustainable Entrepreneurial Competence (SEC) ass d’Kompetenz fir d’selbstännegt, nohaltegt an verantwortungsvollt Handlen an enger Gesellschaft ze fërderen.
Et handelt sech heibäi net just ëm déi konkret entrepreneurial Tätegkeete ewéi d’Generéire vu Beneficer an de Betriber, mee vill méi ass et en Tool, deen deene Jonke Courage soll ginn, fir sech an enger Welt ze verwierklechen, déi am stännege Wiessel ass, an an där d’nohaltegt an d’kreatiivt Denken ëmmer méi eng wichteg Roll spillt. Heirënner versti sech also elo an dësem Projet ganz konkret all Aktivitéiten am Beräich vum Entrepreneurship, der ekonomescher Nohaltegkeet, an der finanzieller a wirtschaftlecher Allgemengbildung souwéi vun der berufflecher a schoulescher Orientéierung. Dës Aktivitéite sollen dozou bäidroen, dass déi Jonk vun haut déi néideg Kompetenze gewannen, fir sech an der Welt vu muer zurecht ze fannen. Dozou gehéieren natierlech Hardskills, awer virun allem geet et drëms déi 4K-Kompetenze vun dene Jugendlechen : e Fërdere vun der Kommunikatioun, der Kollaboratioun, der Kreativitéit a vum kriteschen Denken. Den Esprit d’Initiative an d’Innovatiounsfähegkeet gin domat zousätzlech gestäerkt.
Fir wien ass dëse Site?
Dëse Site huet d’Zil fir d’Schoulwiesen an déi real Wirtschaft zesummen ze bréngen, en ass also fir jidereen deen dodrun interesséiert ass:
Fir (zukünfteg) Sustainable Entrepreneurial Schools
Dir leet an ärer Schoul besonnege Wäert op den Esprit d’Initative, d’Kreativitéit, an d’Innovatiounsfähegkeet vun ärer Schülerschaft? Dir organiséiert Aktivitéite ronderëm den Entrepreneurship, d’Nohaltegkeet, déi finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung an d’Orientéierung? Dann ass de Projet vun der Sustainable Entrepreneurial School eventuell passend an dëse Site eng Aart Handwierkskëscht fir iech, well hei fannt dir ënnert „Aktivitéiten“ an „YouthStart“ vill Ressourcen, déi iech als Schoul hëllefe fir de Projet ëmzesetzen. Dës Initiativen an Efforte vun de Schoulen ginn an engem national unerkannte Label-System nobausse visibel gemaach. Dir kënnt als Lycée am Kader vun dësem Projet dräi verschidde Labelen erreechen:
- N1: Start-up (Kritäre fir de Label N1)
- N2: Entrepreneurial Progression (Kritäre fir de Label N2)
- N3 : Entrepreneurial Culture (Kritäre fir de Label N3)
Wann Dir als Schoul um Projet wëllt participéieren, da kënnt Dir folgend Preparatiounen treffen:
D’Schouldirektioun designéiert en interne Koordinateur/trice, deen/déi sech an der Schoul ëm d’Ëmsetzung vum Projet këmmert,
D’Schouldirektioun mellt de Lycée iwwert de Forms un.
Fir weider Renseignementer iwwert de Projet kann d’Schoul sech op entrepreneurship@script.lu mellen oder de Kontaktformulaire ausfëllen.
Fir Schüler*innen
Du intresséiers dech fir den Entrepreneurship, du wëlls wësse wat an de Betriber passéiert a wëlls selwer kreativ ginn? Du interesséiers dech fir e Beruff a wëlls méi doriwwer gewuer ginn? Du wëlls prett si fir d’Liewe vu muer? Du wëlls wëssen, wéi d’Wirtschaft eigentlech fonctionnéiert an op deng Froen eng Äntwert fannen? Fir dech spillt Nohaltegkeet eng grouss Roll?
Wann s du op eng vun dene Froe wëlls eng Äntwert fannen, da klick dech duerch d’Aktivitéiten an fann e flotte Programm fir dech oder deng Klass.
Fir Enseignante(ë)n
Dir wëllt äre Schüler*innen d‘Welt dobausse méi no bréngen a si fit maache fir d’Liewe vu muer? Dir wëllt äre Cours mei ofwiesslungsräich gestalten a mat externe Partner*innen zesummeschaffen?
Dir sicht no Partner*innen fir en Cours à option oder Activités parascolaires oder wëllt äre Schüler*innen en Challenge stellen? Dann notzt d’Sichfonctioun bei den Aktivitéiten oder probéiert e Youthstart-Challenge aus.
Fir Membren vum Service éducatif
Dir sitt op der Sich no ausserschouleschen Aktivitéite fir Schülergruppen oder eenzel Schüler/innen am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship, der wirtschaftlecher Allgemengbildung an/oder der Orientéierung? Dann notzt d’Sichfonctioun ënner “Aktivitéiten” a fannt dee passende Programm fir är Schüler*innen.
Dir wëllt är Schüler/innen coachen an hinnen hëllefen hir Perséinlechkeet ze entwéckelen? Dëst alles kombinéiert mat engem Challenge? Dann notzt den Onglet YouthStart Challenge (uewen driwwer mat Bindestréch geschriwwen)a klickt iech duerch d’Challengen (z. B. Be a Yes Challenge).
Fir Elteren
Dir sitt op der Sich no Aktivitéite fir är Kanner am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship, der wirtschaftlecher a finanzieller Allgemengbildung oder der Orientéirung, dann notzt d’Sichfonctioun ënner “Aktivitéiten” a fannt déi passend Aktivitéit fir Äert Kand.
Fir Partner*innen (Entreprisen, Organisatiounen...)
Dir sitt eng Entreprise, eng Organisatioun, eng professionnel Beruffschamber, en Akteur aus der Zivilgesellschaft, a bitt Aktivitéiten am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship un a wëllt méi enk mat der Schoulwelt interagéieren? Da kënnt dir Är Aktivitéit op dësem Site hannerleeën.
Fëllt dofir dësen Online-Formulaire an dës Deklaratioun aus, stëmmt dëser zou a schéckt se un entrepreneurship@script.lu.
Sollt Dir generell Froen zum Projet hunn oder Hëllef beim Ausschaffe vun engem Projet brauchen, da kënnt Dir dës och un entrepreneurship@script.lu schécken oder de Kontaktformulaire ausfëllen.