Sustainable Entrepreneurial School Day

Sustainable Entrepreneurial School Day

Den 29. September 2022 huet de SCRIPT den zweeten nationalen Sustainable Entrepreneurial School-Dag organiséiert.

Bei de sustainable entrepreneurial schools engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen.
De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/Labelen erreechen. Dëse Projet gëtt gedroen vum Edukatiounsministär a Kollaboratioun mat Mëttelstandsdirektioun an dem Gestionnaire Jonk Entrepreneuren asbl. Méi Informatiounen zum Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.

Ugefaangen huet den Dag mat engem Meet and Greet, bei deem d'Partner vum Projet sech konnte mat den 18 Lycéeën, déi momentan um Projet deelhuelen, austauschen an Aktivitéite fir dat neit Schouljoer zesumme plangen.
Fir Schüler a Schülerinnen gouf et iwerdeems en Mini-Hackathon bei deem se hier Kreativitéit an hieren Entrepreneursgeescht konnten ënner Beweis stellen.

Um Owend war dann de méi feierleche Moment fir déi 16 Schoulen, déi a Präsens vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum M. Yves Karier, Vertrieder vum  Minister fir Mëttelstand an Tourismus fir hir Aarbecht am Schouljoer 2021/2022 belount goufen.

Ausgezeechent goufen d'Lycéeë fir hiren Engagement op dräi verschiddenen Niveauen:

Niveau 1: Start Up

·      Ecole Internationale Mersch Anne Beffort

·      Lycée de Garçons de Luxembourg

·      Lycée Nic Biver

  • Lycée Technique Agricole
  • Maacher Lycée

Niveau 2: Entrepreneurial Progression

  • Ecole Privée Marie Consolatrice
  • Ecole Privée Fieldgen
  • Lycée Robert Schuman
  • Lycée Technique d‘Ettelbruck
  • Lycée Technique de Lallange
  • Lycée Technique de Bonnevoie
  • Lycée/International School Michel Lucius

Niveau 3: Entrepreneurial Culture

  • Atert Lycée Redange 
  • Ecole de Commerce et de Gestion
  • Lycée Aline Mayrisch
  • Lycée Classique Echternach

Den offiziellen Deel vum Owend gouf ofgeronnt duerch Interventioune vun de Schüler Loic Hoffarth an Leo Gehlen ofgeronnt, déi iwert hier Erfarungen am Projet geschwat hun. Ausserdeem huet den Direkter vum SCRIPT den Hackathon „le futur de l’éducation“ ugekënnegt deen den 14.11 an der House of Startups stattfënnt.

 

 

 

 

Kontakt

Website:

E-mail:

Telefon:

Adress: