Fair fashion

Fair fashion

Fairtrade Lëtzebuerg

Beschreiwung:

Bei dëser Aktivitéit ginn d’Schüler dozou ugedriwwe, hir eege Konsumgewunnechten am Beräich vun Textilprodukter ze hannerfroen an hir Kenntnisser iwwer dës Industrie ze verdéiwen.

Wou kommen eis Kleeder hier?
Wien mécht eis Schong, Poschen an aner Accessoiren, déi eis Schief fëllen?

En Rollespill, e Quiz, eng Infografie an aner interaktiv Aktivitéiten hëllefen, dës Froen ze beäntweren an d’Schüler iwwer eng nach oft onbekannt Branche opzeklären.

Léierziler: D’Zil vun dëser Aktivitéit ass et: - Problemer an der Kottongproduktioun an an der Textilindustrie unzegoen - D’Konsumverhalen, besonnesch wat Kleeder ugeet, ze hannerfroen - Den kritesche Geescht vun de Schüler ze fërderen - Nohalteg Alternativen kennenzeléieren - Ze verstoen, wat Fairtrade bedeit, mat senge Prinzipien a Wäerter - Op laang Siicht e méi nohaltege Kafverhalen unzehuelen
Kompetenzen: Initiativ/Initiative, Kollaboratioun/Collaboration, Kritescht Denken/Esprit critique, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale

Sustainable development goals:

1. No poverty2. Zero hunger5. Gender equality8. Decent work and economic growth12. Responsible consumption and production13. Climate action16. Peace, justice and strong institutions17. Partnerships for the goals

Schlësselinformatiounen

Thematik: Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet

Typ vun der Aktivitéit: Präsentatioun, Workshop

Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 5, 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: 1x 100 Minuten auf Anfrage

Plaz: Bei Iech an der Schoul, En ligne

Kontakt

Website: https://fairtrade.lu/lycees.html

E-mail: aurore.dulieu@fairtrade.lu

Telefon: +352 35 07 62

Adress: 2a rue de la Gare

L-6910 Roodt/Syre

Luxembourg