Earth Overshoot Day – Mein Umgang mit Ressourcen

Earth Overshoot Day – Mein Umgang mit Ressourcen

SuperDrecksKëscht – SDK Akademie

Beschreiwung:

Wat bedeit Nohaltegkeet iwwerhaapt? A wat ass domat gemengt, wann ee seet, dass mir momentan 1,5 Planéiten brauchen? Dës an aner Froen ginn am Kader vun dëser Aktivitéit beäntwert.

D’Participanten léieren d’Modeller vum ökologesche Foussofdrock an den Earth Overshoot Day kennen, fir ze weisen, dass dat aktuell linear Wirtschaftssystem ze vill Ressourcen verbraucht. Am Zesummenhang mat den Sustainable Development Goals (SDGs) reflektéieren si hiren eegene Ressourcenverbrauch a diskutéieren individuell an systemesch Léisungsusätz, fir eng méi nohalteg Liewensweis ze fërderen.

Léierziler: D’Participantinnen an d’Participanten léieren d’Folge vun der Ressourcenverknäppung kennen, gesinn déi nohalteg Entwécklung als Noutwennegkeet fir d’Schoune vun de Ressourcen, a schwätzen iwwer Alternativen zum Handelen op individueller an op politescher Ebene.
Kompetenzen: Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale

Sustainable development goals:

2. Zero hunger6. Clean water and sanitation7. Affordable and clean energy11. Sustainable cities and communities12. Responsible consumption and production13. Climate action14. Below water15/ Life on land

Schlësselinformatiounen

Thematik: Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet

Typ vun der Aktivitéit: Workshop

Regimm: Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: 1 x 2 Stunden

Plaz: Bei Iech an der Schoul

Kontakt

Website: www.sdk-akademie.lu

E-mail: akademie@sdk.lu

Telefon: +352 488 216 400

Adress: Z.I. Piret

L-7737 Colmar-Berg Colmar-Berg

Luxembourg