Die Auswirkungen des Kleiderkonsums

Die Auswirkungen des Kleiderkonsums

SuperDrecksKëscht – SDK Akademie

Beschreiwung:

Kleeder hunn eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft, a Mode ass aus eiser Welt net méi ewech ze denken. Am Kader vun dëser Aktivitéit geet et drëm, sech méi intensiv mat dem Thema Kleeder auserneen ze setzen an dat domat verbonnent wirtschaftlecht Modell méi genee ze analyséieren.

Dobäi ginn d’Virdeeler vun enger nohalteger Produktiouns- a Konsumweis fir Mënsch an Ëmwelt ervirgehuewen, an alternativ Geschäftsmodeller ginn beliicht. Zum Ofschloss ginn individuell Handlungsméiglechkeeten diskutéiert an reflektéiert.

Léierziler: D’Participanten kréien en Abléck an déi verschidden Liewensetappen an der Textilindustrie, entwéckelen e Versteesdemech fir dat linear Wirtschaftssystem an déi domat verbonnen Auswierkungen op Mënsch an Ëmwelt. Si léieren alternativ Geschäftsmodeller an der Textilbranche kennen a formuléieren Léisungsusätz fir hiren perséinlechen Ëmgang mat Textilien.
Kompetenzen: Kollaboratioun/Collaboration, Kreativitéit /Créativité, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale, Upassungsfäegkeet/Adaptabilité, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

8. Decent work and economic growth9. Industry, innovation and infrastructure10. Reduced inequalities12. Responsible consumption and production

Schlësselinformatiounen

Thematik: Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet

Typ vun der Aktivitéit: Workshop

Regimm: Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: 1x2 Stunden

Plaz: Bei Iech an der Schoul

Kontakt

Website: www.sdk-akademie.lu

E-mail: akademie@sdk.lu

Telefon: +352 488 216 400

Adress: Z.I. Piret

L-7737 Colmar-Berg

Luxembourg